All episodes

Episod 2 - Skandal bei BTS

Episod 2 - Skandal bei BTS

‧ 43m 58s

Wat ass an deene leschte Wochen an der K-Pop Welt passéiert?

Mir hunn eng Kéier alles wat wichteg war resuméiert. Wien hat alles ee Comeback, wat hale mir vun de neie Song? D'LISA huet zum Beispill säin nei Song SaWaDiKa erausbruecht a mir ware komplett iwwerzeegt! Ausserdeem hu mir iwwert de Virfall geschwat deen d'ARMY (BTS Fans) schockéiert huet. Den RM an dem J-Hope vu BTS waren nämlech op engem Chris Brown Concert an dat ass guer net gutt ukomm.

Episod 1 -  BTS a Blackpink

Episod 1 - BTS a Blackpink

‧ 34m 4s

No der "The Pilot Episode" geet et elo richteg lass. Nodeems mir eis virgestallt hunn, hu mir dës Kéier driwwer geschwat, wéi eng K-Pop Band mir dann am meeschte feieren a wisou. Ausserdeem hu mir driwwer geschwat wéi et an dësem Business ofleeft, wat däerfen d’Idols a wat net. Mir hunn dann och verroden, wat mir am allgemenge gäre lauschteren. Iwwer Insta oder TikTok kanns du eis och gäre schreiwen a verroden, wat s du gäre lauschtert. Du kanns eis och verroden, wat s du dir vun eisem Podcast an deenen nächst Méint erwaarts.

Episod 0 - The Pilot Episode

Episod 0 - The Pilot Episode

‧ 5m 26s

Mir si lancéiert a starte mam neie Podcast "Who's Your Bias? - The Podcast". An der éischter Episode, déi mir gär "The Pilot Episode" nennen, erziele mir dir mol als éischt wie mir eigentlech sinn. Ausserdeem verrode mir dir ëm wat et an dësem Podcast eigentlech geet a wat dech erwaart. Egal ob s du scho laang Fan bass, K-Pop nei fir dech entdeckt hues oder einfach wësse wëlls wat K-Pop genau ass, du bass häerzlech agelueden eranzelauschteren.